En raison de circonstances indépendantes de notre volonté, le spectacle de ce samedi est reporté au Printemps prochain ! Merci de votre compréhenion !
Mam Titel Samthandschuh war nicht. Die Kabarett-Texte 1978-2020 huet de Centre national de littérature zu Miersch d’Texter erausginn, déi de Mars Klein fir d’Cabarets-Bühn geschriwen huet. D’Buch huet 275 Säiten, ass räich illustréiert a weist déi zwou Etappen vum KMK: d’Zäit vum Mars als Solist 1978-1982, an d’Zäit vum Ensembel 2012-2020.
2012 hat de Régisseur Claude Mangen de Mars iwerzégt, mat him an dem Rudi Schubert nees op d’Bühn ze goen. Haut gehéiren d’Véronique Kinnen an d’Sabine Rossbach als Aktricen/Sängerinnen mam Komponist/Pianist/Sänger Rudi Schubert [heianto als Gaascht och d’Martina Roth als Aktrice/Sängerin] zum Ensembel.
Als Promotioun fir dat neit Buch spillt KMK e puer Owenter. A variabler Besetzung - d’Kalitéit vun Text a Musek bleift awer déi selwecht.
Am Wanter 2019 hat e geplangten Owend zu Biekerech wéinst dem ville Schnéi mussen ausfalen. Elo kënnt KMK mat Freed op d’Millen.
Gespillt gët Samschdes, den 11. Dezember, ëm 20:00 Auer.
De Spektakel dauert eng 70 Minutten.
Den Entrée ass 15 Euro.
Infos et & réservations : info@dmillen.lu
Foto: Martina, Véronique. Sabine, Mars, Rudi. Studio Lynn Theisen